Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

CT

 
All Fotoen an dëser Serie:
10920 Thumbnail
10921 Thumbnail
10922 Thumbnail
CT
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.10.2010
  • Gekuckt:
    20739
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    35
  • Originaldatum:
    24.10.10
  • Fotoapparat:
    D80
  • Objektiv:
    sigma 18-50mm f/2.8-4.5 DC OS HSM
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=50077]
Kommentar vum Fotograf:
1. No Way Out, HDR
2. Boussol, HDR
3. Blind Composition, 13 Minutten, ech hun net gesinn wat ech "geknippst" hun.

Alles mat Nik Tools bearbecht.
Nagarjuna 25.10.2010 - 21:21
Deng Serie ass e bëssi Doku. Ech denken du kéins nach méi draus maachen wann's du d'Nik Filteren op der Säit gierfs loossen. Mam Photoshop kann een ouni déi ganz Filteren an Actions wonnerbar Saachen zauberen. Soubal wéi een sech ze vill ugewinnt mat deenen fäerdegen Filteren ze schaffen, dann mécht een Fotoen vun der Staang, sou wéi d'Kleeder bei C&A. Grad wann een ufänkt Fotoen ze maachen sollt een net an déi Fal geroden an ze vill mat kommerziellen Filteren schaffen. D'Bildkompositioun an vill aner Saachen maachen eng Foto vill méi interessant wéi een Filter vun Nik. Mat den Grondlagen vun der Fotografie an Grafikdesign ze schaffen bréngt dir vill méi wéi all Filter. Deng Fotoen gin awer emmer besser. Wéider sou... villäicht mat manner Nik an méi Ideeën fir d'Bildkompo. smile
Miisamm 25.10.2010 - 21:36
Gin der rescht, hun awer 3 bis 4 mol ugefaange mat veraarbechten, bis se mer gefall hun, net ze flaach, an net iwwermapped ausgesinn hun, an ech wollt keen mat Biller langweien dei do schon honnert mol gemeet gi sin, dat sin der lo mol dräi dei ech esou nach net hei gesin hun, wat net heescht datt et se gett. Dei aaner wou ech hun muss ech nach bastelen asw, kucken wann se mer gefahlen lueden ech der nach erop.
Nagarjuna 25.10.2010 - 21:42
Probéier villäicht d'nächst Kéier méi mam Sujet ze schaffen. ...net grad an der Mëtt (wéi d'Dier oder den Kompass). Oder och aus aneren Perspektiven. Mat den Knéien um Buedem aus der "Mausperspektiv" oder och mat Weitwenkelverzerrungen. Villäicht och mat den Linnen schaffen. Dann wierken se direkt méi interessant. Dat ass wat d'Architekturfotografie ausmécht. An dat heiten ass jo Architektur. closed_eye
Miisamm 25.10.2010 - 21:57
Ok, wärt dann probeieren mech an deene Saachen ze verbesseren. Villmols merci fir d' komments.
gtaddei1 25.10.2010 - 22:06
Uh la nagarjuna... Dy bass jo baal gerad esou gudd am schwaetzen ewei een den ech kennen. Me den huet dat och gemeet. An du. ? Hun dei net gaeren dei schwaetzen an neischt weisen. Et kennt mir esou fir wann en zinema kritik babbelt. Me dat wat du do sees ass mei ewei richtech. Nik mat ganz vill parcimonie... Action an filteren sollen zait wannen doen me net eng foto C&A aenlech ausgesinn!
Miisamm 25.10.2010 - 22:14
Huii, dat heescht du fenns se mettelmeisseg bis schlecht?! smile
Mee du gesäis jo awer bei ville Biller vun mär dass ech bei wäitem net ausschliesslech mat nik schaffen.
Merci fir de comment smile
gtaddei1 25.10.2010 - 22:51
Ne ech hunn denm nagar seng kritik ganz ganz gudd fond. Opschons hien neischt konkretes weist schengt de bouw vill vun foto ze verstoen. Dat wat hien do seet ass gold waert! Weilt gaere gesinn wat hien esou drop huet. Deng foto ass an der tonaliteit vill besser. Du miss mat der kompo schaffen. Fir dir e beispill ze ginn , gei op luxurbex.lu kucken (sinn mir elo net secher op de . Lu richtech ass. Oder google jean claude berens.
D filteten , ganz douce gebrauchen. Et ass eng sach vun gefill, et brauch en zait fir dat ze leieren.
Miisamm 25.10.2010 - 23:11
Ech hu seng Kritik och gudd fonnt, meng fro war op meng fotoen bezunn closed_eye.

Jop Kennen dem här Berens seng Säit, hun och scho vill op aaneren Urbex Sites gekuckt, an all Kritik, op positiv oder negativ probeieren ech ze verstoen an emzesetzen.
Merci fir d'hellef an d'comments guys.
gtaddei1 26.10.2010 - 00:01
Dei Fotoen "tonguearlant" ze machen ass eng schwier Arbecht... Ech hunn et net hin kritt also net mat der CT.
Et ass guer net einfach .... Architektur Fotografie ass eng Art fir seh...
Dem Xaph32 seng Gallerie ass och S.. gudd
xaph32 26.10.2010 - 08:50
ey, merci gennaro closed_eye
fir mëch den comments vun denen aaneren nach unzeschléissen: d'bildcompositioun ass alles, am photoshop schaffen ech perséinlëch matt extrem villen layeren an masken, heescht stonnenlaang arbëcht fir ee bild
konsequenz: ech maachen sur place vill manner fotoen me déi déi ech maan, sin normalerweis iwwerluecht...
Miisamm 26.10.2010 - 09:31
Thanks for the comment, ok ass an der rei, mee kuck vläit mol nach aaner fotoen vun mär, da gesäis de dass ech bei wäitem net alles iwwermeisseg veraarbechten
closed_eye
xaph32 26.10.2010 - 09:44
ech kennen deng biller closed_eye
Nagarjuna 26.10.2010 - 06:48
Ech hunn dach schon eng Foto gewisen. Awer ech bezeechnen mech net als gudden Fotograf. Ech hunn nach net vill Fotoen gemeet déi "weisenswäert" sinn. Iergendwann trauen ech mech awer. smile Ech hunn schon vill immens gutt Kommentaren vum JADE gesinn, awer hat huet och nach net vill gewisen. closed_eye
Miisamm 26.10.2010 - 09:33
Vun deem wats du hei schreifs misst de mech an allen hisiichten mat denge Biller fräckt maachensmile
Nagarjuna 26.10.2010 - 10:30
gtaddei1, ech weess vun weem's du schwätz. Awer zënter deen mat deenen Filteren experimentéiert huet sinn seng Fotoen an mengen Ae méi schlecht ginn. An ech mengen, hien weess et selwer. Kuck dem suraki säin Thread am Forum eng Kéier (schaffen mat Ebenen) http://www.photogen.lu/forum/thread.php?postid=227.... Do gëtt richteg gutt mam Photoshop geschafft ouni iergendeen fäerdegen Filter ze benotzen. An dat ass och ganz schnell gaangen. Et geet just drëms den Photoshop ze beherrschen.
gtaddei1 26.10.2010 - 15:03
Jo do hues du recht Nagar ... me de Photoshop gudd ze beherschen ass eng Science fir sech ... an ech an mengem Alter sinn e bessi zei ginn ...

Have a good time smile
Miau 26.10.2010 - 20:25
1963 gebuer a schon zei ! ech hu mat 65 joar ereescht mam PS ugefaangen bigsmile closed_eye
Miisamm 26.10.2010 - 20:28
Hah, wanns de schon hei bass, kanns de och e comment zu de biller ofgin closed_eye. Wanns de se null fenns da so et, just dann eben firwaat smile.
Miau 26.10.2010 - 20:56
ech fannen deng Biller net null, ech fannen Sie
awer och net super, mech steiert däi zentrale Opbau bei Motiver wo perspektivesch sécher méi dra gewiescht wier, beim nr 2 fehlt m.M.n. ee "context environemental" dem d'Bousolle (oder wat es och ass) situéiert, beim nr3 gesinn ech ze vill eidelen avant-plan. Ech war awer och an denger Galerie luesen an do sinn interessant Saachen ze gesinn, Mais denk drun "Le génie représente un pour cent d'inspiration et quatre-vingt-dix-neuf pour cent de transpiration" Fazit = viru schaffe, vill schaffe a däi eegene Wee fannen cool
Miisamm 26.10.2010 - 21:48
Merci fir den Eierleche Comment. Probeieren mer sou vill wei meiglech zu härtz ze huelen.
gtaddei1 26.10.2010 - 21:55
Miisam ... ech hat dei Eier net dass bal all hai um Site eng Foto esou Docortikeiert hunn ... No menger Ménung ass dat zu denger Eier
gtaddei1 26.10.2010 - 21:54
Oh dat huet én Granz groussen gesot! vun der SW Fotographie...
Me én aneren sot och ...
Imagine toi la scène comme une grande toile blanche et met dessus tous tes phantasmes

... D'Grond régelen vun der Fotographie ginn respekteiert well eben jidderen muss verstoen wat du wells weisen an dan kennt d' Kreativiteit.
Miisamm 26.10.2010 - 22:13
Majo, ech sin och iwwerrascht, dass sou vill leit sech hei gemellt hun, fir mer ze Hellefen, wees net genau firwaat,

nach eng Keier Merci un Jiddereen.

Di nächst missten geschwenn online goen, haut keng CT closed_eye, hun mech elo nach mat Photoshop ameseiert zwou CT Fotoen riit ze zeien, di Posten ech da muer.
Miisamm 26.10.2010 - 22:16
Also ech gleewen der vill, an probeieren vill vun denger Kritik emzesetzen, mee di Saach mat Photoshop beherrschen haalen ech fir e Gerücht closed_eye, do hun ech schon vun Leit heieren dei op Iwwert 100 Layeren Biller am Photoshop Molen, an Pinselen selwer "bastelen", dass et wahrscheinlech keen op der Welt gett deen Photoshop beherrscht closed_eye. Probeieren awer mol mech do eranzeschaffen, oder am Grousse ganzen rem Vill manner ze veraarbechten smile
gtaddei1 26.10.2010 - 22:21
Wiem sést du dat?

Fotoshop ass eppes ewei mat de Buchstaven én Text ze schreiwen... do kann Shit dobai enstoen an grouss Litertur ...
D'Meiglechkéten sinn esou ze soen onendlech

Dann ass d'Foto an sech... Dei eng Kontrasteieren dei aner flouteieren ... dei eng Satureieren dei aner Desatureiren...
Am Ufang mecht én engem aneren no an dann well én sech selwer ginn an bleiwen ...
Photoshop as é moyen ... an d'Haerz ass le soufle de vie dei eng Foto kritt.

Et haengt dofunnenof wat é well .

Ech megen dass hai wou én nés e bessi Anarchist muss gin... D'Freihét erengeren fir geint D'Regelen ze sinn ... Me bis dei Freihét do ass muss én én schons é komplizeierten Wé trëtonguepelen
Nagarjuna 27.10.2010 - 09:28
Et gëtt keen den alles vum Photoshop beherrscht. Awer et ginn der ganz vill déi hiren eegenen Workflow beim Photoshop beherrschen an sech domat wonnerbar ausdrécken kennen. Hei op PG ginn et der souguer zimlech vill. Mat "beherrschen" hunn ech selbstverständlech net gemengt, dass een all Facetten vum Photoshop beherrschen sollt. Ech mengen och dass keen dat kann. closed_eye
VeloBen 25.10.2010 - 21:41
Hey cool Miisamm! bigsmile

Déi 1. Photo ass am beschten. Schéinen versauten Eck hues de do fonnt! bigsmile
Miisamm 25.10.2010 - 21:59
Merci Ben, do war et u sech mei versaut wei schein closed_eye
VeloBen 25.10.2010 - 22:00
Och esou Punkerbudden hun hiren Charme fannen ech. Huet dann wéinstens och nach gutt gestonk do ? bigsmile
Miisamm 25.10.2010 - 22:04
Nö u sech net, sin u sech just Grapher do, dei sech d'Maueren deelweis suguer firum Graphen grondeieren. Colcharen a sou gesocks war geschter net do smile
VeloBen 25.10.2010 - 22:06
Mol eng Kéier eng Plaatz wou sech Sprayeren bëssen austoben kënnen. bigsmile
ZerberuZ 26.10.2010 - 11:31
Fier dokumentatioun an experimenter mam fotoaparat ass daat ganzt der gudd gelongen smile
Miisamm 26.10.2010 - 19:32
Thanks m8 smile
Zora 26.10.2010 - 18:25
Ech gesin där hud erem vill ze din .... Mä Fotoen gefallen smile
Miisamm 26.10.2010 - 19:32
Immens vill closed_eye

Merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 461 Gäscht online