Melancolie ,,, net fir dei Zait wou dei Schlesser elei in woren , mé fir dei flott Zait wou én verbruecht huet dohinner ze fueren fir dei fotografeiren ze geoen
Ha! All Mënsch waard op den Summer fir Fotoen ze maachen. Mir mussen alt op den Hierscht waarden. Mir fehlt déi Zäit och, awer dat Klima am Moment motivéiert mech net immens dozou. Ech wier fir eng kleng Englandrees... wat hälls du dovun? 2 Deeg mat enger Iwwernuechtung. Pyestock well ech gesin.
Zur Foto: Eng super Vue vun dem Schlass wat elo (fir eis) oninteressant ginn ass well et renovéiert gëtt, an déi ech nach net vun dir kannt hat. Waars du an d'Mattekëscht wullen gedriwwen vun der Melancholie? Ech hunn och nach e puer Fotoen déi ech mol misst beaarbechten. Gefält mir wonnerbar! Wonnerbar Symmetrie!
Jo den GBtour ass eng Super Idee ... an hei besser am Summer (well mir méi Luucht hunn) an well et manner Wahrscheinlech ass dat et den ganzen Dag richt eran Rent.
Mé ech hunn nëmmen Zäit am August oder 2 Halschecht vun September ... Dann lass...
Genau weist du sost ... aus der Mattekescht ... Ech hunn dës net direkt gemét well vill Flaren drann sinn (an nach ze gesinn sinn ) an en plus wosst ech net esou rischtech wei mech do un ze léen fir des ze verschaffen... Ech sinn nach laang net zefridden ... mé ech wés net op ech dës besser hin kréien ...
"Nostalgie" ?
"nostos" = retour.
"tristesse causée par l'éloignement de son pays. // regret mélancolique du passé, d'un milieu, etc." (Petit Larousse).
"tempi passati" als alternativen Titel ?
Schéi Foto, Gennaro.
An et wär Schued wann déi al Zäiten net dokumentéiert géife gin.
Merci Charel ..
I tempi passati : --- Ech hunn am Fong keng Nostalgie vun der vergaangener Zäit mé Nostalgie virun der vergaangener Zäit wou mir enerwé waren fir dei Foto machen ze goen... also mir waren bal ëmmer zu 4 (fir dëser nëmmen zu 2)
Am kalen Wieder , duerch de Schnei, durch de Bulli ... nëmmen fir des Fotoen ... et stecht fill Arbescht dohannert mé awer och eng Riesech Freed... ewei Lausbouwen eis duerch Fënsteren ze schlängelen, an dann den Interieur ze entdecken... an bal ëmmer sinn mir mam Mond opbliwen vun Bewonnerung...
An dourno hém an kucken wei mir ais Gefiller an dénen Fotoen erem gin konnten .
Sou Bauten sin ëmmer irgenwéi geheimnisvoll, et stellet een sech Froen an d'Äntwert kann een nëmmen erahnen
flotten cadrage mat der Traap an der Mëtt an deene villen Diren, e Labyrinth wou een nët wees wou een hikennt
Merci Michèle ... effectivement ... d'aentwert ...
Mé en générale stellen mir ais keng Froen ... mir kucken an loossen ais vum Gefill guideiren ... et ass dann den Subjektiven dén vun der Atmosphäre dirigeiert get... ZU 4 Leit an jidderen hellt eppes anersters mat hém
Bewunnt... ? Jo dann geif ké Stëps mei do sinn ... mé et wärd awer bestemmt nés an e puer Meint nés esou weit sinn dat et bewunnt get well et ass elo an der Renovatioun ... also neischt mei fir ais
Gesais de hun dat dach direkt erkannt .... ech fannen dei Art a Weis wei's de an denge Biller dei Scheinheet vun den Reim, Trappen asw. oplierween leis immens