Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

...StAiRs to... 3

 
...StAiRs to... 3
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.04.2010
  • Gekuckt:
    18180
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    39
  • Beliichtungszäit:
    1/10 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.666666666667 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    591 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44424]
Kommentar vum Fotograf:
rivende 10.04.2010 - 19:23
und wieder mal eine CT.... etwas blass
_MiAmI_ 10.04.2010 - 21:17
jo CT. eng vun villen hei !!
blass?
Chrissie 10.04.2010 - 22:18
schrauw den Kontrast mol en bessi mei rop. D'Fuarwen sin blatzeg closed_eye
_MiAmI_ 11.04.2010 - 12:43
...probeieren dann emol. smile
rivende 10.04.2010 - 21:47
... die Farben sind sehr blass...
_MiAmI_ 11.04.2010 - 12:42
...
JohnJ 11.04.2010 - 09:54
ech fannen et misst een CT Fotoen mol refuseiren ....
et geet jo keen Daag hei, ouni esou eng Foto....
et gett Zait dass se ofgerappt gett

_MiAmI_ 11.04.2010 - 12:42
refuseiren!?
Do scheint een genervt ze sin. Meng werten bestemt net dei lescht bleiwen!
JohnJ 11.04.2010 - 14:20
jo genervt vun villen deenen nämlechten Fotoen ....
also net iwwert dech ... mä einfach den fait dass dei Traap mei oft gekipst gin ass ewei alles aanescht hei am Land.... ann keen mo eng nei idee huet mä jiddfereen daat nämlecht mech ouni grouss se Gedanken ze machen
_MiAmI_ 11.04.2010 - 15:29
bon hun dei Traap zwar na hei gesin, mee bon....
An an deem Gebai do zu Esch war ech di lescht vir d eischt, war sos na nie do. Hun et eben interesan an spannend do fonnt. Verstin zwar besen waatste mengs, mee leider werten der Fotoen nach mei wei 1 hei vun den leit erop gelueden gin, an doruner werds sech bestemt och neischt enneren loosen.
Mee wei gesoot, loos dech dech net duerch sou Saachen obreegen.... smile
_MiAmI_ 11.04.2010 - 15:34
ma du hues jo genau di selwescht!! jo dann...
Gaga 11.04.2010 - 17:15
jo et nerft,
mais John, et kann een och net dei 50'000 Fotoen fun PG hei auswenesch kennen, oder ? ;)

PS : Miami, kuck einfach emol t'Galerie fun "Mei aal Gebeier" duerch, do sin tonnen CT fotoen, an dann wees de ongefeier, waat nach net geknipst gouf, mais dann brauchs de am Fong guer net dohin ze genbigsmile ! ausser mam Macro ! bigsmile

!Dës Foto ass net méi am System!

O_Been


!Dës Foto ass net méi am System!

Rolltrap erof ?


an nach an nach an nach ... gut dat den Shanti seng galerie gebotzt huetbigsmile !
Shantideva 11.04.2010 - 18:50
Hihi! Vun mir existéiert keng CT Foto méi hei um Site. closed_eye An ech lueden och neischt méi hei erop... et get mir zevill:

"Malheureusement, la scène de l'exploration fait naître en son sein une nouvelle tendance : "l'urbex poubelle". En effet, de nouvelles personnes se lancent dans le style "urbex" sans aucune connaissance des lieux, aucun bagage photographique et ils diffusent les adresses de lieux abandonnés mais préservés sur la toile d'internet. Cet effet est mauvais car cela engendre une dégradation exponentielle de l'image des vrais photographes. L'exploration urbaine se mue en "urbex poubelle" qui est l'avalemment d'un concept artistique de qualité par des gens n'ayant aucune affinité avec le concept photographique. L'urbex est l'antithèse de la véritable exploration urbaine qui allie qualité photographique et respect des lieux visités."
(source Wikipedia)

Ech gin nach all Week-End op den Tour awer ech weisen meng Fotoen just nach am klengen Krees vun denen Leit déi daat sou wéi ech nach an der Philosophie bedreiwen wéi daat virun Joeren war. Obwuel ech PG immens vill ze verdanken hun verstin ech den JohnJ ganz gudd an bleiwen PG just nach mat mengen Kommentarer erhaalen.
Gaga 11.04.2010 - 19:13
Daat deet mer leet ze heieren Shanti !
Ech verstin dech, an awer ... et as schued !
Ech hun am Ufank och nie verstaanen waat daat Messtrauen/dei Fiersiicht bei den Urbexer un sech haat ! (de Mochel kann der e Lidd derfun sangen ! unhappy ) mais elo verstin ech et !
Et as mat allem esou, kennt epes an Moud, get et gnadenlos fun den Leit ausgesuckelt, bis op dei läscht Drepps ... an zu egw messbraucht !
Ech well elo keen treppelen domader, et kann een den "Ufänger" et jo och net richteg iwel huelen ! mais et muss een et soen wei et as !
Villeicht kenns de jo och mol erem ob en aaneren Stil, erem e puer Portrait'en oder esou ! Dei kanns de eis jo nach weisen ! closed_eye
deBaemm 11.04.2010 - 20:45
Au deenen Grënn gëtt WikiPedia vun all Wëssenschaftler verbaaaaaaaaant closed_eye deen Deel do ass reng subjektiv, wann och jidereen versteet waat gemengt ass, an natiirlech en wouere Kär drun ass! Glécklecherweis kann op Wikipedia jidereen sein Wessen bäidroen, leider awer och sain Pefferkär (wann och op intelligent Aart en weis)

Wéi sollt dann enger Expert'smeenung no een Novice den Wee an esou eng intressant Form vun Photographie, wéi UrbEx et nun eemol ass, fannen, wann net duech noahmen selwer ze probéieren. Ech gin deem ganzen ganz kloer recht, waat den Müll (Squat)-Ex betrefft, mee esou een Uert wéi d'CT deen schon zimmlech bekannt ass, an initialement secherlech net nemmen vill vun Photographen besicht gin ass (wei de Shanti an sengem Reportage bei den PhotoExplorers gesoot huet [deen Deel mat den Gipsies]) sin et oft net Photographen direkt dei eppes futti materielles futti maachen, mee andeems se déi Plaatzen eben an deem ausmooss diffuséieren, wéi Novicen et eben oft maachen, fiir sech e bessen den Expert an der Zeen wellen ze gin...

ET ass awer secherlech NET falsch wann Leit hiir Versich sou wéi den Miami et hei mecht, ze weisen fiir ze leieren... (och wann d'Foto net gudd ukent) Et léiert een doduerch bei, an dohiir sin ech engersäits awer nech frou dass den JC eis nach mat sengen konstruktiven Kommentaren erhaalen bleiwt... Wann deen hei et och e bessen manner war closed_eye Mee dir verstidd waat ech mengen!

Fiir de Recht UrbEx ass flott, an et muss een eben e bessen op eegen Fauscht ronderem gondelen an sichen an sech d'Méih maachen fiir kennen "mat deen Groussen pissen ze goen"! closed_eye
_MiAmI_ 11.04.2010 - 21:00
Well hei bestemt net iejend een copy paste maan, dout secher net. Wann ech lo schons rem gesin waat hei geschriwen get an iwerluet get!! boahh...
Ech soen iech eierlech, dass mir daat ganzt hei wirklech ze domm an ze blöd get!!! Weinst posten vun Fotoen, wou ech lescht Woch vir d eischt am mengem Liewen ob da Plaatz war! (Mengen kruut nach vum Gaga gesoot wou sech dei Plaatz befönnt) Sin dohin gaang, well et mech intereseiert huet wei et do ausgesait an vir Fotoen ze maan. An bestemt net vir "mat deen Groussen pissen ze goen" !! eierlech wann ech sou eppes liesen!
Verstin jidereen bessen, mee verschiden Saachen sin zwar iwerdriwen!
Muss een dann lo hei Galerie duerch goen, sech Notizen maan, an oppassen waat een fotografeiert an post, vir dass verschidden Leit roueg schloofen kennen an net direkt kreischen...
Majo dann nach vill Spaas.
deBaemm 11.04.2010 - 21:28
du hues do eppes falsch verstaan daat war kengesfalls op deng foto bezunn mam "mat deenen groussen pissen goen" et beschreiwt just de Prinzip vun enger Entwéckelung an soss näicht wanns du dech doduerch getreppelt fills deed et mer leed an net sou gemengt! De but vun mengem Kommentar war et esou leit wei dech an mech ze rechtfertegen wisou mir op esou plaazen "üben" gin fiir och eng keier kennen op eng Plaaz ze fueren an ze wessen weivill Beliichtungen mer brauchen, an an weiengen Oofstänn! Dofiir ass d'CT nun mol ideal, wann de Shanti an di aaner aal huesen sech dann getrëtonguepelt fillen well aanerer op "sws schon verschassen Plaatzen" (wei et jo aus den Kommentarer zur CT herviirgeet) hiir motiver nofotographéieren dann din sie mir leed, an deem senn dass se verpasst hun dass et eng Form vun Admiratioun ass, an waat d Leit mei "grouss" gin d'Leit d'Mentalitéit an den Prinzip vum Urbexen emmer méi verstin, an dofiir och op besser Plaatzen kommen an dei NET méi weider verroden wéi se et fiirdrun schon mol eng kéier gemaach hun (an daat hun se ALL, och déi aal Huesen).
Shantideva 11.04.2010 - 21:05
...daat ass net Subjektiv. Daat ass d'Woueregt an domat sin ech mir mat all denen Leit eenz déi daat schon Joeren lang machen. Awer waat hei an Lëtzebuerg mat der CT an der Terre Rouge leeft iwertrefft alles an huet mir souguer d'Flemm agedriwen mat Photogen...
De Rescht waats du sees stemmt. Et soll jiddereen sech an der fotografescher Richtung weiderentweckelen déi him am meschten Spass mecht. Awer muss et dann emmer nemmen d'CT an d'Terre Rouge gin.
Fir déi déi et nach net wessen:

CT: 49°29'30.78"N - 5°58'18.26"E
Terre Rouge: 49°29'13.60"N - 5°58'26.00"E

Dann kann desen Site nach méi mat denen Fotoen vollgemüllt gin. Ech hun es einfach genuch hei. Ciao!
deBaemm 11.04.2010 - 21:33
"Dans son sens ordinaire, « subjectif » désigne le caractère de ce qui est personnel, opinioné, en opposition à « objectif » qui tient de la neutralité." vun Wikipedia... et ass Subjectiv schon alleng well daat wuert Malheureusement do steet... Mir fannen et Schued! Et kennen awer op déi Aart an Weis Leit dobai léieren... ass daat dann och schued? also ech perseinlech fannen den Deel ass fehl op der Plaatz an enger Encyclopédie, mee net an enger Diskussioun, daat ass Wikipedia awer leider net! Mee wi gesoot ech gin der Recht, mam Squat-EX! An den Site gett och nach mat ganz aaneren Fotoen zougemüllt closed_eye
Gaga 11.04.2010 - 22:22
ey ey ey !
Jongen !
Kann der keen sech emol an deem aaneren seng Vue versetzen iert der hei esou billt ?
Fierwaat emmer direkt deen Toun ?

@Miami, et geheiert hei keen dier epes fier ! Wei gesoot, du kanns jo net wessen waat firun 1-2 Joeren hei gepost gin as ...
@Shanti, net opreegen, denk un dein Zen ! closed_eye
@Beamm, du hues net verstaanen ...!
et geht net drems op een et dierf oder net, ob et richteg oder falsch as ... mais t'Mass as an deem Senn e probleem, dat en Styl wei Urbex fun der originaliteit lierft !
Eng CT Foto huet numol guer keen Urbex Charme mei !
Daat as, wei wann all Daag an engem aneren TV Sender Championsleague Final geif laafen ! No enger Woch kuckt keen mensch mei et !bigsmile ! (komeschen verglach, ech wees !)
Du kanns och t'Phila huelen, wanns de do wells eng Foto brengen dei eng Reaktioun ausleist, da muss et schon eng super Foto sin, net einfach een "Versuch" !
Den Miami mecht seng eicht erfahrungen an deem Stil an well se hei weisen, ok, keen thema, mais ob der anerer seit kann keen sech erwuarden, dat dei Fotoen hei nach eng reaktioun ausleisen, eichter (dest as jo den beweis) eng negativ Reaktioun "schon erem CT", "schon erem deen Eck" !
Daat as, wei wanns de een ob Heins Sielmann mechs (kennt der deen nach?) an dann op Beetebuerg an de Park deng Fotoen machen gees !
Waat de Shanti well ze verstoen gin as, wanns de dech fier RICHTEGEN URBEX interesseiers, dann leier mol dei eicht 50% fun der Arbescht, RECHERCHE ! Et gin urbexer dei machen Fotoen mat Kompaktkameraen, well net t'Foto, mais t'Plaatz, t'Ambiance, daat onheemlecht ob eichter Plaatz stin, net eng super Foto (daat kennt duerno an as dan den punkt um i)
Wanns de wells ufänken, mach emol Architektur Fotoen, an leier deng Teschnik (daat as daat waat den Miami elo mecht, dofier as daat fier mech eng Architekturfoto, awer keen Urbex mei !)
Et as schweier hei ze soen , deen huet recht, deen as am Fehler !
Mais bleift dach all um Teppech an fänkt net un ob esou een Niveau ze goen plz, an wann dann macht et PN oder waat wees ech !

deBaemm 11.04.2010 - 22:32
1. main toun war gemittlech (gemengt) closed_eye
2. ech verstin de shanti wuel gudd smile

d'soffel waat emmer mat eis um tour ass huet och seng kleng digicam derbei, eben weint der plaatz, ech hun och laaaaaaaang gesicht bis ech dei plaatzen (resp mir hun laang gesicht) fonnt hun dei mer hun... et sin och well schon fotoen opgetaucht wu ech och schon gemaach hun, an ech sin jo lo definitiv net DEN expert urbex- mee eischten den expert noob! mee ech gin der recht d'Leit mussen verstoen dass vill recherche derhanert stecht! Mir sin vill an laang um sichen wann mer rem eng nei plaatz wellen fannen! Mee dann ass et awer "eis" plaatz dee moment an och "eis motiver" sulaang mer do sin, an daat mecht de charme aus! insofern hun ech et wuel gudd verstaan... verschidden deeler vun mengem Kommentar waren och vlait eng Idee méi stëpleresch ukomm oder fortgaang wei et sollt sin, meng Excuse dofiir closed_eye och un de Shanti ech wollt HIEN secher net upissen!

Mee wi gesoot ech sin eben der Meenung dass d'Leit et sollen léieren... an et gin och nach déi eng oder aaner Vue vun der Phile oder der CT dei nach keen gesin huet... mee dei hei war et net eben sust een Versuch... dohiir verstin ech beid Saiten! (wann mer iwwerhaapt sollen vun Saiten schwetzen, schliesslech soll photoen maachen eis all Spass maachen, an net nemmen se weisen ze kennen)
Gaga 11.04.2010 - 22:56
eben, mais et soll een jo och net egw posten, an wann, dann kennt et och emmer gut un, bei t'foto am Kommentar ze schreiwen :
hei ech hun epes probeiert, sin selwer net 100% zefridden, waat kann ech machen !
da kennt t'foto eichter alls "übung" eriwer !
daat as elo erem keng uspillung oder waat wees ech, mais dei läscht zeit kommen hei fotoen eran, dei, sorry mais sou as et, lamentabel sin, wou mol keen kommentar derbai steht !!!
Daat gesait fier dei mescht esou aus wei : hei kuckt, an staunt, waat hun ech vollbruecht ! ....
Dofier steppelen ech t'leit och emmer op, se sollen weinstens selwer mol epes derbai schreiwen ... as et een versuch, wei fenns du se etc ...
wann een seet ech fannen dat net gut, wei kann ech do .... dann kritt een och direkt hellef, wann naischt do steht, da färt een nach een ze treppelen well een em hellefen well ... an deen vilelicht iwerzeegt as guer keng helef ze brauchen, verstees de !
daat as elo nemmen eng raproche fun sachen, dei dann oft zu messverständnisser feieren .... mat der zeit leiert een eben esou sachen ze eviteieren, an fiersichteg ze sin !
mais soit, ... allt erem vill geschriwen hautbigsmile !
deBaemm 11.04.2010 - 23:03
jo an zur oofwiesslung sin ech erem eng kéier denger meenung, mee fiir nach eng keier drop zeréckzekommen: ech gin em Shanti och recht...! Mäin blöde Pefferkär mam Wiki war evtl. bessi iwwerflesseg, mee et war meng Meenung! An wi wesse mer vun der Diskussioun liewt a wiisst de Mensch! oder war et dach Loft an Léift closed_eye mee daat mat den Usercomments ass eppes waat mech och oft nerft, dofiir schreiwen ech meeschtens naicht... Et soll een d'Leit awer menger meenung no net emmer direkt su auserneen huelen, scho guer net wann et definitiv net deen eenzegen ass closed_eye

Mee lo wessen d'Leit dei daat gelies hun weinstens se sollen mol eppes neies probéieren. Ech hun d'Phila bis lo eng kéier geschoss :

sorry


closed_eye
Gaga 11.04.2010 - 23:29
erenneren mech, an daat wor, secherlech, eng super foto !
deBaemm 11.04.2010 - 23:36
An ech gleewen (net wessen daat waer utopesch) nach emmer drun dass daat an der ct och meiglech ass smile
Gaga 11.04.2010 - 23:40
et huet jo och nie een gesoot et wier et net : meng eicht visit do huet mer och e puer flott an eenzegarteg (hun mol keng änlech gesin) fotoen bruecht, awer et wor och zoufall, ech hun PG och nach net auswenneg kanntbigsmile !
deBaemm 11.04.2010 - 23:47
Nach net sou genuch gesabbelt fiir haut, nach op d WoFo waarden an da schloofen, nuecht cool
Gaga 11.04.2010 - 23:49
yo yo ! idem !
Locke 11.04.2010 - 18:00
hihi, soll ech meng Variant dovun och eng keier roplueden? cool da geet et réischt lass closed_eye (mee daat do as awer mat daat meeschtgeknippsten an der ganzer CT a fannen et tatsach emer rem interessant waat d`leit draus maan)
Gaga 11.04.2010 - 19:17
Jo, mais et geht net nemmen dremms wei oft epes geknipst get, mais em den Sens proppre ... URBEX as jo am fong dohier geleet, dat een op dei Plaatzen dei "non-public" sin geht !
t'CT as awer mettlerweil eichter eng Spillplaatz fier Wochenendfotographen, wei en "Misterieisen" Uert !
Dohier as den Character fun deenen Fotoen, net mei am Urbex-sënn standhaft, se verleieren all Wert - an nodreiglech och deenen Leit hier fotoen, dei firun Joeren do dei eicht "Pioneierarbescht" geleescht hun !
_MiAmI_ 11.04.2010 - 20:26
OOHHH MAMMM!!!
_MiAmI_ 12.04.2010 - 11:35
Get schlemmeres am Liewen wei sech hei iwert sou Saachen obzereegen! Nee...?! sad
deBaemm 12.04.2010 - 11:39
das richteg mee nemmen opreegen, an awer dobai kennen diskutéieren ass 2erlee closed_eye et ass schued dass sou eng diskussioun alt rem bei enger foto opkomm ass an net entzwouch aanescht, mee opallefall mussen d'Leit sech emmer ausschwetzen soss fenken se un sech ze haassen closed_eye
Shantideva 12.04.2010 - 11:47
Ward dir zwee... mir gesin eis an der Paus!!! bigsmile tongue closed_eye
deBaemm 12.04.2010 - 11:52
hehe oder den 6/6 cool
_MiAmI_ 12.04.2010 - 11:53
ech rufen mein groussen Bruder; dann.... closed_eye
deBaemm 12.04.2010 - 14:10
an main papa kennt mat der bazooka xD
Gaga 12.04.2010 - 13:54
hmmm, leiwer hei bei enger foto wei am Forum, soss gin mer net färdeg nei Threads opzemachenbigsmile !
_MiAmI_ 12.04.2010 - 14:13
genau! Mee Klicks gin hei an Luut hehehe closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 381 Gäscht online