Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

klenge Mönch

 
klenge Mönch
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.01.2010
  • Gekuckt:
    116104
  • Favoriten:
    12 (Wen?)
  • Kommentarer:
    32
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    521x800
  • Späicherplaz:
    171 KB
  • Originaldatum:
    2010:01:14 23:56:18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=41931]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Mönch zu Layamuru

http://www.spako.lu
deBaemm 15.01.2010 - 00:26
boah....
gloda 15.01.2010 - 00:32
Boaaaaa. Spannenden Bildopbau wou d'Bildelementer aneneen fléissen an Intérêt ausserhalb vum Bild opbauen. Surreal mee flott, passend Faarwen déi sech vum onsaturéierten Hannergrond erausschaffen - an awer kritt den Hannergrond grad doduerch dass en anescht as nach eemol Wichtegkeet. De Kontrast tëscht dem klenge Mönch an de grousse Bierger, den Komplimentarkontrast tëscht Giel an Mauv, tëscht den stateschen Beem an den flatternden Stoffstécker... do kann een sech knapps sat dru kucken.
(Dräimol gekuckt a well zwee Favoriten, dat geet jo scho gudd un closed_eye )
deBaemm 15.01.2010 - 00:39
genee daat wollt ech och soen (oder su ähnlech closed_eye ) mee ech war einfach zevill beschäftegt mat kucken!!
dentom 15.01.2010 - 00:35
Genial. hei klappt alles.
Daat do ass mat dei flottst Foto dei ech bis elo vum Ladakh gesinn hunn.
deBaemm 15.01.2010 - 00:41
"Daat do ass mat dei flottst Foto dei ech bis elo" hei op PG gesin hun!
dentom 15.01.2010 - 00:41
daat giff ech enneerschreiwen smile
Silex 15.01.2010 - 08:17
Top Bild! Wei den Gloda schon soot: dei Photo ass vollgepakt matt Kontraster an et wellt een se lang an oft kucken.

Wat mer just opfällt sin sou komech Flecken/Streifen am Himmel, wei wanns de duerch een Zonk photographeiert häss.
Alko 15.01.2010 - 08:33
Also mengen et ass mettlerweil schons alles gesoot, den Gloda war flaisseg am schreiwen! smile Kann och nemmen soen GENIAL an ass een absoluten FAVORIT!!!! Et kann een sech net saat kucken an .... einfach nemmen top!
rom 15.01.2010 - 08:34
Super flott! Déi Vignette uewen am Eck cadréiert d'Bild flott no uewen. Just déi puer Sträifen am Himmel stéieren bëssen, wéi de SIlex scho soot.
arwa 15.01.2010 - 08:45
dei Foto as a mangen Aaën - TOP !
Hu mir dei aaner och (op denger HP) ugekuckt............Respekt .
Gaga 15.01.2010 - 09:20
pas mal !

closed_eye


...nee mega super fill pas mal du tout !
wei soll ech et soen !

wow !

baff !
kruemelatease 15.01.2010 - 13:16
Genial, kann mech nemmen uschleissen!

Di Sträiffen do am Himmel.... pffff, egal, pickt mech net, Foto ass top, färdeg! closed_eye

Kleent 15.01.2010 - 14:09
Wow! Do gett et net méi dozou ze soen.
McQueen 15.01.2010 - 14:18
Ech fannen se net schéin......

NEE seriös....ass ganz gudd , ech kucken emmer erem op een net nach giff eppes neies entdecken...
Poly 15.01.2010 - 18:37
dass jons genial den Hannergrond, hun e bëssen gescrollt, an ouwen den himmel bis un d'fendelen gecropt, gefëllt mer dann nach besser
ChLo 15.01.2010 - 19:16
Super Photo.
Kleent 17.01.2010 - 10:04
Spako, dest ass eng wonnerbar Foto... ech kommen d'Foto all Daag kucken an se gefällt mir emmer besser!
deBaemm 18.01.2010 - 00:08
alles aanescht hätt ech NET verstaan closed_eye
arwa 18.01.2010 - 07:56
dito
gloda 18.01.2010 - 00:59
Tiptop.
spako 18.01.2010 - 06:53
Oh! Merci, fir all dei leif Kommentarer a natierlech fir d'Wochefoto! smile
arwa 18.01.2010 - 07:57
de riäng, sie huet ët verdengt !

bei mir keim dei -am groussen- un d'Mauer closed_eye
MarcGerard 18.01.2010 - 08:06

super!
ech si frou, dass déi foto gewielt gin as!
obwuel mech e puer sache stéieren. ech komme fläit drop zréck, muss se nach e puermol kucken, wel se as wierklech immens !
Olivier 20.01.2010 - 00:40
vill ze mann kommentarer...
JohnJ 24.01.2010 - 09:24
Also ech fannen des Foto hei net gut,
kommescherweis sin Leit hei begeeschtert dei normalerweis, Fotoen dei vill besser sin, auseneen rappen, Dei Leit sichen oft an vill besseren Fotoen all klengen Fehler, ann ann deser Foto sin, mei ewei een klengen Fehler.
Den Himmel an den Iwwergang an Bieger sin schlecht verschafft, ausserdem fannen ech den Schnett net gut gewielt, mir ass zevill Himmel drop (daat ass allerdengs afg)
spako 24.01.2010 - 11:01
Merci fir deng eierlech Meenung... ech gesin zwar lo net direkt wou den Iwwergang Bierger-Himmel net propper soll sin aawer ech sin och der Meenung dat des Foto Feeler huet.. mir gefaalen dei vertikal Streifen am Himmel guer net an ech wees net duerch waat se komm sin... wuel duerch d'gepiddels ech wees net... ausserdem hun ech d'Foto ganz um Enn nach bessi gecroppt riets an doduerch ass och d'Vignette ob daer Sait mat wegkomm waat mech och steiert... et si bestemmt nach vill Feeler dran an och Saachen dei steieren an die einfach afg sin an ech si frouh fir all konstruktiv Kritik smile
Blimchen 25.02.2010 - 12:49
Wow super dei Foto, war secher genial emol do zesinn?

Anouk
TomEwert 14.12.2010 - 18:24
wow ... dei haat ech verpasst. huet en bessen eppes vun engem dia. mega schein faarwen, super ausbalanceirt. ein augenschmaus.
Mathieu 03.03.2011 - 17:18
Ganz schéin Faarwen, zemools d'Bierger schéin Gro sinn an den Mönch esou eraussteet, bzw däi kal Faarwen uewen schei Pastelltein hunn.
Miau 04.12.2011 - 20:03
les chevaux du vent...
gi87 19.01.2013 - 22:25
Eng Herlech Foto, Kuckt eeen Bild gesait en de Mönsch, mengt een et gief een deurch d'aaen vum Mönsch an dei herrlech landschaft kucken ! Top !
spako 20.01.2013 - 16:26
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 256 Gäscht online