wat ëch mëch ëmmer froën, daat as, dat, wann éen sou iwwer d'Bühn flitzt/hopst/danzt........... asw. dat éen dann iwwerhaapt nach sangen kann ?
nët nëmmen bei hinnne, en général lo geschwaat
dei as fill besser ! (blöd fläsch) mais uewen mat hierem Schreftbanner as se perfekt, wei een titel deen schon mat oofgeliicht gouf !
an bei sou flotten (iwerschminktenen.plastik-)Fraaleit kann t'Foto jo nemmen gut gin !
wann t'Musek elo nach deen Niveau hät .....
@arwa : do as souwisou nemmen 10 prozent fun deem waats de heiers life gesongen, am hannergrond leeft een Korektursoftware deen t'Tein corrigeiert an den original meeschtens nach paralell fier dei Plaatzen ze iwerteinen wou Sie net mei no kommen !
ech hun viru puer Joer zu Brxl. mol eng keier beim Eros Ramadingsda hanner d'Bühn gesinn, mei leiwe Jong, do waren bal grad sou vill Tountechnecker täteg, wei der iwwerhaapt bei EtTeHäll schaffen )
Tjo do gesäit een, et muss e just passabel ( ech soot net flott !!) ausgesinn an d'Been breet maachen an 6000 Idioten bezuelen deiert Geld fir en Playback. Da sollen se léiwer an d'Stripbar goen, do hun se méi vun hiere Suen.
PS Ech vermessen op dénger Säit Fotoen vum Muse Concert, konns de do net knipsen ?
daat erliefs de jo och bei den casting show's ! do geht et firun allem em t'ausgesin, den Paul Potts hät do nie gewonnen wann en POP gesongen hät, am klaseschen geht et eben nach drems, sangen ze kennen !
mais back to topic !
foto as gut gin ! wei gesait et iwerhaapt op sou concer'en aus, mam handy as jo ok, mais wann een do mat vollbildkamera an 400mm optaucht, tollereieren dei daat ? (Dan)?
@ ludiol
Merci fir däi Kommentar!
Ech denken allerdéngs dass déi meescht vun déngen Aussoen mat Affaire de Goût ze dinn hunn. Wat deem enge gefält, ass vläicht net deem anere sénges an ëmgedréint, mengs de net?
Ech selwer interesséiren mech fir all Concert wou ech ka Fotoe maachen, ech denken dat muss och sou sinn wann ee wëllt bäiléieren.
Bei Muse hun ech deemools keng Fotoen gemaach, well ech keng Zäit hat... Leider!
1 se gesin guud aus!
2 Play back zum greisten deel4 net!(probeier du mol danzen an sangen..)
3 6000 leit op eng keier Idiot ze nennen as krass...
4 se begeschteren Leit brengen Leit drun hieren Arsch ze bewegen an daat as guud fir laun an fir Santé..
5 ech respekteiren en Kenschtler op ech en guud fannen oder net...
6 Du kuks och an denks "GEIL" ...( an et gin secher mei scheiner...)
zun dir DAN : du hues besserer ONLINE op denger SEIT!!
eng Persoun déi 6000 Leit als Idioten erkennt muss schon een groussen Spezialist sin ... an daat kann jo dann nëmmen een sin deen selwer een riesen Idiot ass, nee?
an dann zu den "Been breet machen" ... daat seet och schon villes driwer aus wéi's du duerch d'Welt gees ... ënner aanerem zimmlech beschränkt, oder?
euhmmmmm ... meeschtens sin ech fein ... awer heiansdo nët graad esou ...
just esou fir ze soen )
Bon Idioten ass vläicht e bessen iwwerdriwwen, wann ech dech (oder aanerer )domatt beleidegt soll hun wells du och op deem Concert waars (oder och net) dann deet mer daat leet, et sollt eng sarkastesch Bemierkung sin.
Mir gin nu mol nemmen nach mat Dieter Bohlen a Compagnie iwwerrannt an dozou gehéieren och Pussycat Dolls. A wann een muss deier bezuelen fir en Playback ze gesin deen vun silikongepolsterten Fraen virgedroen get a d'Musek vum Computer krééiert get huet daat fir mech perséinlech net vill mat Konscht ze din (an daat ass meng perséinlech Meenung)
Dovun oofgesin mengen ech net dass ech beschränkt a wéi en Idiot duerch d'Géigend laafen, ech kann och meng Feeleren agesin
Do kéint een jo stonnelaang diskutéieren, ech mengen all Kënschtler haut des Daags benotzt Effekter, verschiddener méi aanerer manner. Den Ennerscheed mescht den Inhalt vun der Musek an op een et gréistendeels selwer komponéiert huet oder Eenheetsbräi just virsengt (well daat huet op laang Dauer keng Zukunft). Meeschtens (et get och Exceptiounen) ass et jo awer sou dass sou Gruppen an 4-5 Joer vun der Bühne verschwonn sin an an 10-15 Joer nach just en Oliver Geissen driwwer braddelt, wéi schéin di Zäit awer war.
Wien et gudd fennt, soll säin Pläséier hun.
Dovun oofgesin fannen ech d'Photo ganz ok, wir natiirlech ouni Fläsch besser, mee et wor jo keen Studio Photoshooting.
@ ludiol, mat denge Umierkong (ënnen) gin ëch dir zwar recht, naja, sou graff hätt ëch ët net gesoot, mais bon, dei eng denken sou
an dei aaner denken eben aanescht
dh. dei fannen et gudd, wann sou genannten - gepushten - Barbie oder wei och emmer Fraën iwwer d'Bühn hopsen asw asw, die wësst all, wat ëch mengen. Muss éen sëch awer och mol den Duerchschnëtsalter vun de Leit op sou engem Concert ukucken !!
sou laang de - gros vun de Leit - sou äpes flott, oder souguer gudd fënnt, gët och sou äpes gewisen, resp. produzeiert, daat as nu mol sou , wëll:
die Nachfrage bestimmt das Angebot !!!
mais bon, ëch fir mein Déel hun da leiwer eng kleng Band an engem schnuckelegen Lokal (dei méescht wëssen, wat a wou ëch lo mengen) an lauschteren déenen hier Musek, dei nach richteg mat der Hand gemaach as ............... de gustibus et collorib............. etc...
Nach äpes , nët all Künstler benotzt Effekter , op jidfer Fall nët dei, dei ëch lo grad erwähnt hun !
Ech wéilt dann awer och nach just e leschte Päfferkär bäileeën.
Ech hat jo no Kommentaren gefrot, mä dat war éischter op meng Foto bezunn!
Ech man nämlech net nëmme Fotoen vu Bands wou ech perséinlech och gär hunn, mä ech probéieren mäin Horizont ëmmer nees ze erweideren, an ech denken nëmmen sou kann een sech an der Concerts-Fotografie och weider entwéckelen!
Ob een elo d'Pussycat Dolls, oder Tokio Hotel, oder eng aner Band gutt fënnt ass letztendlech ëmmer eng Affaire de Goût an ech fannen et zimlech arrogant säin eegene Goût als deen eenzeg richtegen unzegesin.
ludiol du hues däin éischte Kommentar jo nodréiglech relativiséiert!
Ze soen wat een denkt fannen ech och eng gutt Saach, mee och dat bleift ëmmer eng subjektiv Saach!
Fir dem Armand seng Wieder nees opzegräifen:
sou. lo si mer rem all fein matenéen
(pfffffffffffffffff ... ech tippen nach ëmmer esou lues!!! ... déi Zäit wou ech déi Schmier hei getippt hun, huet den Dan schon e bessi daat geschriwwen waat ech nët esou diplomatesch ausdrécken kann ) ... )
tjooo ... an ech hun liicht d'Tendenz zimmlech genervt ze sin/ze gin vun der allgemenger Tendenz déi vill Leit hun, eppes ze soen/ze schreiwen waat fir mech einfach zu enger simplistescher Katégoriséierung gehéiert, an dann, wann aanerer dorop réagéieren, ët einfach als "Sarkasmus" ze bezeechnen ...
an dann wann méiglech ganz oft och nach een "sorry" hannendrun sëtzen, et voilà! dann ass d'Saach gedoen ! ...
ludiol, mech hues du nët direkt ungegraff, nee, ech wor nët op deem Concert ... awer indirekt schon, well wahrscheinlech wier ech an engem aaneren Kontext och bei aaneren dausenden, vun dir bezeechenten, Idioten derbäi gewiecht (z.B. déi déi op den Autofestival gin, oder Dr House kucken, oder d'Bravo an hierer Jugend liesen/gelies hun, oder bestued-1 Haus-2 Kanner-an-1 Hond hun, oder Botox-addicted sin, oder sech 100-D-Broschtprothesen ansëtzen loossen, oder eng aaner ... Hautfaarw hun ... etc, etc ... )
an daat ass daat waat mech perséinlech e bessi erféiert, wann Leit esou Aussoen vun sech gin, wéi wann daat esou eppes vun banal (gin) wier ... am Stil: ech hun all Fräiheeten, déi ech wëll an déi ech mir gin! ... an déi aaner? waat déi aaner? nee, déi nët!
nee, éierlech ech kann esou eppes guer nët hun, an DAAT soen ech dann, jo daat stëmmt )...
daat ass einfach meng perséinlech Art a Weis déi daat nët verdréit ...
dann kann daat esouguer soi-disant deen allerbeschten Sarkasmus vun der Welt sin ... fir mech ass daat een Syndrom vun "alles-an-een-Dëppen-geheien" ... daat ass een Jugement deen ganz vill ausseet
sou, sou ...
an well ech elo esou gutt lancéiert sin ) ... gin ech elo emol e bessi produktiv Energie an meng Aarbecht investéieren ... :-P
Dan, merci fir deng Foto als Diskussiouns-plateforme kënnen ze benotzen
Majo mat dengen Ausoen hues de jo just bewissen dass du jo och zu deenen gehéirers di d'Leit an een Deppen geheien, well du kenns mech net an du jugéiers mech jo och op Basis vu menger enger Ausso dass ech beschränkt an idiotesch duerch d'Welt laafen an va méiglech och nach Rassist sin (Zitat "oder eng aaner ... Hautfaarw hun"
An domat attakéiers du mech perséinlech. Op mannst gesinn ech ann dass ech a menger Ausso (di allgemeng gehaalen war) iwwerdriwwen hun, (a mech dofir entschellegen) an du gess awer perséinlech domm a frech an daat ass den Ennerscheed.
Du hues mir op mannst bewissen dass de näischt besseres bass wi ech ( an de Rescht denken ech mer obwuel ech schon Loscht hätt mool een mat der drenken ze goen, well sou Diskussiounen fannen ech emmer gudd, da gett et net sou langweileg
daat ass fir mech eng typesch Retour's Äntwert ... déi ech och erwaart hun )
natierlech wann een esou Aussoen mëcht muss een iergendwéi awer och domadden rechnen, dass een dann och eventuell "kategoriséiert" kéint gin, nee?
awer dann 6000 Leit als Idioten ze bezeechnen well se een Concert lauschteren gin vun enger Grupp déi's du nët esou gaeren hues ... daat ass awer Ok, daat dierfen mir einfach esou unhuelen, oder wéi? och wann mir ët jo nët sin déi ungeschwaat gin
kenns du dann déi 6000 Leit, fir se als Idioten ze bezeechnen "nëmmen" well se op een bestëmmtenen Concert gin? ...
ech mengen mir kënnen den Ball elo éiweg pinpongen loossen ...
mee bon ... ët ass gutt esou ...
deng äntwert elleng seet mir schon, dass du nët verstaanen hues waat ech die vermëttelen wollt ... --> an zwar wéi daat eriwer kënnt, an daat egal op een dech kennt oder nët!
an wanns du gutt lies ... an daat nët graad perséinlech hëlls ... dann kanns du liesen, dass daat Beispiller waren fir ze erklären wéi eng "Banaliséiereung vun gewëssen Aussoen" e beemol zu esou Aussoen wéi "Hautfaarw ..." kommen kënnen ... daat wëssen mir jo awer allen 2, ne
an wanns du daat elo "be-neins", dann bass dann du awer deen deen blauäugeg duerch d'Welt geet ... nee?
ech haalen och elo op well ët nët hei d'Plaaz ass fir driwer ze diskutéieren ...
nach eng Kéier, ech hun mech obligéiert gespiert, op deng Aussoen ze réagéieren, an wann se nët eecht ze huelen waren, dann schreiw esou, dass een däin Humor besser erkennen kann, dann
komesch, dass awer och keen aaneren ët als Sarkasmus opgeholl huet ...
jo, du kenns mech nët, mee ech muss soen, du hues mech awer schon gutt angeschätzt ... ech sin effektiv an villen Saachen zimmlech domm, ech wees ...
war ech frech? ech duecht nët, fir mech wor ët Roserei, resp Enttäuschung ... ech wollt mäin Empfannen erëmgin, mee wann daat esou bei dir unkomm ass, dann war daat wuel esou an dengen Aan
Lo fällt mer op dass d'Beliichtung wuel zimlech gudd gewiecht sin muss wanns de mat enger Blend vun 3.5 an ISO 1600 nach op phantastesch 1/2500s komm bass
Hm... wéieng Method (Bicubic, bicubic smoother, etc) benotz du fir d'Foto ze verklengeren? Ech gesin (och wann ech drop klicken) vill Aliasing un den Ärm zB.
Mat der Fläsch... do wier ech zwar och blöd dobäi gin, mee wann et dech tréischt ech hun se net gesin bis ech dem Armand säin Kommentar gelies hun.
Ech exportéieren se am Aperture op 800pix a lueden se dann hei erop!
Ech sinn effektiv a leschter Zäit och net wierklech zefridden domat wéi se dann hei ausgesinn, well ech sinn selwer zimlech streng mat mir wat meng Fotoen ugeet déi ech weisen! Dat heescht ech halen just déi, wou wierklech a mengen Aen an der Rei sinn...
Kann's du mer weiderhëllefen?
Wanns de se op 800px verklengers an se op Photogen mat 1000px landen wéi déi doten, dann as iergendwou eng schiefgelaaf. Wann se do bei iergendenger Etapp vun 800 op 1000 vergréissert get géif dat den Aliasing erklären.