Gudd geschafft. Fir d'Fotoen vum Drummer mat den Neel stoungs de op der falscher Plaatz, mee fir den Rescht hues de mengen ech hieren Konzept gudd eriwwerbruecht.
Jo fir den Drummer (deen déi Äscht hun den Hänn nëmmen unhaat bis en d'Sticks an de Grapp geholl huet) stoung ech effektiv op der falscher Säit. Mee wéi ech daat bis gemierkt hun a wiesselen wollt war et schon ze spéit.
Freet mech dass d'Fotoen dénger Meenung no an hiert Konzept passen.
Cool, d'Fotoen sin richteg gudd gin, sou wei daat sech bei dier geheiert!
Haat dech gesin, mee hun et net bis an di 1t Rei gepackt vier moien ze soen, mei no wei di 3t (also 1m vrun der Ofspaerung) sin ech net rukomm.
Schued daat se d'Buehn mat der Batterie reicht zum Schluss ausgefuer hun...
Jo et war nët evident am Pit! Do huet et hannert engem gekacht!
A waat méch gëschter awer och zum Kache bruecht huet war deen Tippchen am Pit deen iwerall mat séngerm décke Fotorucksak gehënnert huet am Plaatz se, wéi et sech gehéiert, iergendwou ofzestellen.
An d'Kréinung waren déi 3-4 "Fotografen" déi hier digital Style-Camera andauernd viru méng Lëns gehaalen hun!
Hui, daat ass jo awer e bessi krank. Ech war mir déi aaner ukucken an déi sin jo nach schlemmer. Ech hat mol virun e puer Méint mengem klengen Cousin e puer CDen vun Slipknot besuegt an ech konnt mech selwer awer irgendwéi net drun gewinnen. Ech sin eigentlech net wähleresch an ech denken dofir sin ech dann awer net méi an der richteger Generatioun. Zu menger Zeit waren mir einfach méi friddlech.
Zur Foto: Wéi emmer... waat soll ech do nach soen... Kann et just sin dass se liicht onscharf ass?
Merci Shantideva!
Ech wees nët op een sie als krank ka bezeechnen, vläicht ass daat einfach hiert Konzept, wou sie nach ëmmer zu 9 zesummen iwert 10 Joer laang mat Erfolleg Musék machen.
Op et lo mäi Goût trëfft oder nët daat ass lo eng aner Sach, bei Concerten huelen ech alles waat ech ka kréien
Op méngem Ecran gesäit d'Foto scharf äus...
Merci awer op alle Fall fir däi Comment!
Daat soll elo keng Beleidegung sinn mee du weis ons hei oft déi an mengen Aaen manner gelongen Photo vum Concert... Ass daat en Trick vir dassen mer mussen op deng HP luussen goen?
Ech hätt och kennen knipsen goen mee vun sou "Musèk" bleiwen ëch wäit ewech
Wor do an kann just soen den Concert war eppes kurzgeroden. Zur Musek as eng Affär de Goux. Ech lauschteren een zwee Lidder op enger Nuetschicht, mee dann get et och dur. Op jidenfalls as den Manson an Korn an mengen Aan geint Slipknot Kannerprogramm.
Fannen Foto stark. Mee anerer op dengem Site gefaalen mir perseinlech besser
Metalhorns!!!!!! Alt nees eng gudd Foto Dan! Fannen du hues t'Luucht schein benotzt an eng immens Atmodphère geschaafen!
War en gäilen Concert, just ze kuerz!
Net schlecht Dan, obwuel ech puer anner fotoen vun denger serie besser fannen wei dei lei, mee daat ass bekanntlecherweis affaire de gout.
Gin der recht, deen mat sengem Saack do huet effectif deck genervt, mee ech mengen daat war net deen eenzengen dei do mat senger posch rondrem gebeselt ass.
Merci Jerome fir deng Meenung!
Et fält mir effektiv ni liicht fir eng Foto erauszesichen, déi ech dann hei weisen...
Dofir ass et dann heiansdo sou dass een aneren en anere Favorit huet.
Wéi's du sees ass et Affaire de Goût!