Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Paris - Opéra III

 
Paris - Opéra III
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.01.2007
  • Gekuckt:
    30486
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    12 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x780
  • Späicherplaz:
    290 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
alt rem vill Wäitwénkel ...

Fir anzesetzen: [pg_img=13866]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng an Analogie zu der aanerer
Paris - Opéra
gloda 17.01.2007 - 23:45
Jo, dat klappt besser am Portrait. Schéinen Luuchtspektrum. Hues de se iergendwou gecroppt?
Johny 17.01.2007 - 23:47
Nee ech hu se just ganz liicht méi riicht gemaach, méi nët.
gloda 17.01.2007 - 23:54
Ech hun gefrot well ech wéi den Pinocchio fannen dass d'Bor'en wierklech nach gudd scharf sin.
Johny 18.01.2007 - 00:01
Jo OK, mee wéi gesoot, näicht sou ass dru gefummelt ginn smile

Hun mer d'Original eng Kéier grad ugekuckt op 1:1 um Bor ... och do ass se zimmlech schaarf. Mäin Tokina ass eben e gutt Objektiv closed_eye
gloda 18.01.2007 - 00:28
Uh, do hat ech en schlechten Satzbau, ech wollt net unzweifelen dass se vun sech aus scharf as smile
Johny 18.01.2007 - 14:15
Nee haat et net esou verstaan, ech wollt just selwer äus Firwëtz mol kucken wéi et um Original do sou äusgesäit closed_eye
Pinocchio 17.01.2007 - 23:52
Wouaw ! Je la trouve définitivement plus impressionate que l'autre.
De plus, malqré le 12mm l'image est excellente, même sur les bords. Si tu n'as pas coupé, y a-t-t-il eu un traitement de la distorsion optique ?
Johny 17.01.2007 - 23:58
Nee guer näicht esou, ech hu se wirklech just e bessen riicht geréckelt, an de Kontrast liicht erhéicht, méi ass wirklech net dru gemaach.

(Setzen dei aaner Donnéen och nach an)

Freed mech awer dass de se nach besser fënns wéi déi aaner smile
elmuzo 18.01.2007 - 01:31
Hehe, he´s got the look...
Olivier 18.01.2007 - 00:06
SUPER AARBESCHT JOHNY!!! Mir geföllt dess wiekrlech och definitiv besser wie dei aaner... hai kommen molereien uewen vil mei zur geltung... SUPER!!!!
Johny 18.01.2007 - 14:18
Jo do hues de Recht, matt de molereien ... Merci smile
Paukl 18.01.2007 - 00:26
Tip top Johny, deng Foto gefällt mir megagudd. Cadrage an d'Faarwen sin immens an dess gefällt mer och besser wei dei aaner. So mol einfach esou aus Firwells, weieen Objektiv hass du do....Canon?
JADE 18.01.2007 - 01:05
een Tokina 12-24 mm f4 etc ...
wann ech richteg gelies an verstaanen hun ? ... closed_eye)
Paukl 18.01.2007 - 10:50
jo wei emmer richteg gelies an och verstaanclosed_eye
Johny 18.01.2007 - 14:19
She said everything ... smile

Sinn immens zefridde matt dem Objektiv. Bon ok, och matt denen aaneren, mee haat daat, éiert ech et kaaft hun, mol net esou erwaart.
JADE 18.01.2007 - 00:45
° hat nët geduecht, dass ët nach méi scharf kéint gin/sin ... mee beim Verglach mierkt een ët ganz gutt
° Symetrie ... perfekt ... (edit: quasi perfekt ... awer nët zevill relevant Asymetrie ... closed_eye ...)
° Faarwen ganz gutt ... an deen bloen "Tupfer" um Enn mëcht ët !
° dëst Format ass méi favorabel, och fir d'Héicht an d'Längt vun deem Sall erëmzegin

Dëss ass dann eben ... 1A ***** ... par rapport zu der aanerer
gloda 18.01.2007 - 00:48
Mat der perfekter Symetrie sin ech iergendwéi sou intuitiv net averstanen. Ech fannen net eraus wéisou, mee ech gin d'Gefill net lass dass se kippt, obwuel ech keng Anhaltspunkter dofir fannen. Lusch.
JADE 18.01.2007 - 00:55
esou steet bei daer aanerer:
... " ... Et stëmmt eppes net ganz 100%, perspektivesch gesinn, daat kennt dofun wann een net genee matt der Mëtt vun der Lëns och an der Mëtt vum Sall steet :/ "

villäicht dowéinst? ... (gesäit een bessi uewen an ënnen an den Ecker) ...
an wahrscheinlech och well: déi Fensteren riets an déi ongläich Motiver um Plafong nach zousätzlech vun enger, dach awer baal, perfekter Symetrie ooflenken ? ...


ech editéieren dann ... closed_eye) ... :
Symetrie : op e puer mm ... quasi perfekt ... mee trotzdem boaaah !
gloda 18.01.2007 - 01:17
Jo, 't as wierklech schwéier fir an souengem Gebai genau d'Mëtt ze fannen, also dat do as schon ganz gudd.
Johny 18.01.2007 - 14:22
De Gloda huet scho Recht ... an den Unhaltspunkt ass ënnen den iewechten Deel vun der Dier do, géif ech emol sou soen ...
Knolles 18.01.2007 - 14:26
/removed/
Johny 18.01.2007 - 14:28
Selwer däerf ee matt sech sou pingeleg si wéi ee wëll, an wann ech daat däerf an eng Foto rasetzen, därfen och déi aaner, also du och, daat sinn smile
Knolles 18.01.2007 - 14:30
/removed/
Johny 18.01.2007 - 14:23
Merci fir den äusféierleche Kommentar smile An natirlech och fir d'Firschloen, och wann ech net denken dass se geholl gëtt, mee as jo sws egal eigentlech closed_eye
Knolles 18.01.2007 - 07:24
/removed/
Johny 18.01.2007 - 14:26
Do waards de awer nach laang, well vun ënnen am den Sall hun ech guer keng smile

Schéngt dene meeschten wuel besser ze gefaalen wéi déi am Querformat.

Stëtonguesen ... effektiv, daat muss schlëmm sinn do.
Neckel 18.01.2007 - 07:51
Et sin nawell schein waarm Faarwen .. mee ejentwei ass d^'Cathedrale awer kitscheg closed_eye
Knolles 18.01.2007 - 09:02
/removed/
Johny 18.01.2007 - 14:26
Wéiwann den Titel vun de Fotoen net grouss genuch géif ugewise ginn sad
Neckel 18.01.2007 - 15:32
bigsmile .. autsch meng schlauheet ass natiirlech rem net ze toppen ... unhappy(((
CANON 18.01.2007 - 12:38
Gut belicht gut Kadrage,je alles wie ett soll 9/10
Johny 18.01.2007 - 14:28
Merci René smile
Dan 18.01.2007 - 13:22
Ganz flott Johny!
Gefällt mer ganz gutt!
Johny 18.01.2007 - 14:29
Merci Dany .. ehm Dan natirlech closed_eye
Sevy 18.01.2007 - 15:19
Hoffen se gett als Topfoto ugeholl closed_eye drecken d'Daumen smile
Johny 18.01.2007 - 16:23
An 2 Méint oder sou spillt daat sws kéng Roll méi, mee awer merci mol.
Olivier 19.01.2007 - 07:53
ooooh.... eng kleng undeitung closed_eye ?!
Johny 19.01.2007 - 12:15
Wann een de Forum liest - méi wéi eng Undeitung smile
NoHa 18.01.2007 - 16:06
ech kann mech nemen uschleissen, dei as wonnerschein!
Johny 18.01.2007 - 17:19
Merci
JADE 19.01.2007 - 16:33
tjo ... dann eben nët ...
hehehe ... an ech hun jo nach +/- 2 Méint fir mech weider "opzereegen" ... dann machen ech daat och !!! ... smile)

hei kann ech mir nëmmen virstellen, dass ët wéinst Affaire de Goût ass ... soot mer nët, dass ët un daer mm-Asymetrie läit ... well daat gleewen ech nämlech nët ...


mee ... wéi schon X Mol hei gesoot ... SIE BRAUCH ËT JO NËT HEI ZE SIN, FIR DASS SIE ËT AWER ASS ... smile)))


(ech kann ët jo nët sin loossen ... closed_eye) ... )
Sevy 19.01.2007 - 17:04
Schleissen mech denger un closed_eye
Johny 19.01.2007 - 17:08
Opreegen kanns de dech, mee et huet sws kee Wärt eben ... Hm däiwelskrees closed_eye
CANON 19.01.2007 - 17:31
Ech hunn et schon's laaaaaag opginn smile)))))
Johny 20.01.2007 - 03:56
Dëst war elo (firun desem Kommentar) déi Foto vu mir déi am meeshcte Kommentarer kruut, mat:
My Precious


Daat geet mir schonn déck duer, wen bräuch Topfotoen ... closed_eye

Nach eng Kéier ierch all Merci fir d'Kommentarer.
JADE 20.01.2007 - 05:24
... hmmmm ... ech wees nët wisou ... mee ech hun esou d'Gefill, ët waerten nach e puer Comments (an Hits) derbäi kommen ... closed_eye) ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 396 Gäscht online