Ech hu scho laang keng Foto méi esou gär aktivéiert wéi des Ech haat mer och schonn iwerluecht bei déi aaner deis de virdrun ropgelueden hues, derbäi ze schreiwen dass déi heiten, alles iwwertrëfft! Der Meenung sinn ech och elo emmer nach.
Merci, CANON, dass du di Foto neess ropgeluëden huës, an dass du sou neess 100% aktiv op PG bass. Ech hun elo ee Favorit fir méng Lieblingsfoto vum Site eremfonnt, an se direkt op ménger userSäit aktivéiert. Merci.
einfach woooow
dat laachn .. einfach e genoss unzekuckn ))))
di kleng hand géint di grouss hänn an wéi en an di hand passt
ooooooooh gééééééénialllll )
Ah, do ass se endlech nees! Hues déi richteg Entscheedung getraff fir se nees dropzesetzen. Eng vun dene beschten an am meeschten diskutéierten (am positive Sënn) zënter ët Photogen gët.
@Knipser: ech hun do nët de geréngsten Zweifel drun dass dat do eng Topfoto gët
gin ech dann elo matt Steng geheit ... wann ech froen firwaat se dann vun ierch als Topfoto gewielt gin ass ... )
well ... deen aaneren Wee (firwaat ass eng Foto nët Topfoto gin?)... do ass ët oft schwéier eng Äntwert vun iech ze kréien ... ... (an ech verstin och firwaat) ... mee elo misst ët jo dann méi einfach sin ... oder?
... an ech wees (oder hoffen?) ... dass dir elo nët nëmmen schreiwen waert "well se gutt ass" oder "well se einfach Top ass" ...
Déi Foto war schonn eng Kéier um Site, et war deemols déi matt dene meeschte Kommentaren an déi déi ganz uewen stung un den Bewärtungen.
Déi meescht Leit kennen d'Foto och nach, an schreiwen dofir och net méi vill Erklärungen (gëllt fir mech och)
ech kennen déi och vun deemols ... (an daat ass eben een Nodeel wann Fotoen geläscht gin ... dann ass alles zu daer Foto fort! ... och léierrâich Comments)
waat ech schued fannen ... ass dass een bei villen Fotoen vill bäiléiert duerch Comments ... awer bei deenen déi als Topfoto gewielt gin ... do steet dann oft (an ech schreiwen och heiansdo esou!)... Waow - Super - fir mech Top - immens - Toptip - den Glanz - no comment - ... etc ... mee domadden léiert een nët bâi ... oder denken ech elleng esou? ... (ass just eng Bemierkung ... sin egoistesch ... wëll bäiléieren ... och am analyséieren vun Fotoen ... ) ...)
Kuck kanufla ... stëmmt och waat's du sees ...
an awer, normalerweis léiert een ëmmer fir d'éischt wéi een eppes gutt mëcht ... an dann wann een Fehler mëcht, léiert een waat nët gutt war an waat een aanescht muss/kann/soll machen ...
an ...z.B. an mengem Beruff, léiert een natierlech och aus Fehler ... awer hoffentlech nët aus zevillen, oder aus zevill graven Fehler ... well soss sin d'Leit, duerch déi Fehler, villäicht/wahrscheinlech schon an eng aaner Welt iwergaangen ... ;-())
hun daat jo sws am laachen gesoot mee wanns du dofun aus gees wei alles ugfaang huet: dann fängt een beim baby un an deen kann gud an schlecht net ennerscheeden , mee di schlecht verhällt hien sech well et entweder weigedoen hun oder well en bestrooft gin as an dann reicht mecht en den ennerscheed mengen ech emol hihi
soit muss elo na mathé2 weider leieren...hun mua 2 prüfungen an der matière...beurk!
Nee JADE, du hues wuel Recht, wann ech eng Foto schéi fannen schreiwen ech meeschtens och derbäi waat esou gutt drunn ass. Et ass net esou dass Kritik emmer muss negativ sinn, wéi verschiddener mengen, daat ass kloer. An et stëmmt och, leider, dass bei Topfotoen déi meescht Comments sou äusgesinn wéis du eben sees ... Mee dodrun änneren kann ech näicht. Wisou ech net nach hei schreiwen waat su gutt ass, soot ech jo De René wees säint schonn alles zur Foto, et bräuch een net alles ze widderhuelen elo.
@jade
fir mech ass dess eng topfoto well:
beliechtung + deifteschärft passt, de gesiechtsausdrock vun deem klengen ass einfach sou génial zefridden an berouegend.positioun vun der hand vun deem klengen get der foto daat "gewisse Etwas".
waat mir dann nach opgefall ass, ass dass den klengen net verrampelt ass an een flott gesiecht huet fir een neigeburenen.(daat leit zwar lo net um fotograf)
1 Also merci alleguren.....
2 beim Tittel hunn ech och wie emmer 1 fehler geschriwwen...netschlemm
3 Knolles , sie ass esou kleng ,well des Foto en Optrach warr an matt dem anferständniss vun den älteren kann ech se weisen, Ohni Numm...mee die Photo waar och an aneren deitsche Sitten matder voller opleisung, an sie ass zeviell copeiert ginn an hunn se matt aner Nimm remgesinn....(die eng hunn se awer erm missen läschen...mee et wees enn jo nie wou se nach kann schwammen, dofir die heiten esou kleng genee wie die leif Joffer die esou Schmunzelt....
3 .Jade du houes och recht, sorry ech hätt am effekt nett alles solten läschen..mein Fehler....kenn nie nie nie mei vier...daat enzech waat ech nach machen daat sinn die beruhmt schreif fehler (
Merci alma ...
hëlleft mir ze gesin wéi aanerer Fotoen gesin ... an zemols och erliewen ... ass ganz interessant ...
an ët ass och genau daat ... waat mech och interesséiert/mir och gefehlt huet ... (@ Canon ... ...) ...
awer och bei villen aaneren Fotoen hei um Site ... mee ech schreiwen ët och nët ëmmer ...
Ohh se ass rem do ) *Spätzünder*
Mengen hei brauch net vill derzou gesoot ze gin, géing soen du hues mettlerweil gemierkt wéi gudd des Foto de Photogen-Useren gefällt
'T war bei der éischte Kéier schon meng perséinlech Topfoto an se ass et lo och rem (oder nach, wéi och emmer)
majo haat jo gesoot daat ech epes schreiwen geif jo also ech kenn am fong just epes schreiwen an zwar daat dei foto sou meeegggaaaa süss as dei gefällt mier wirklech mega gudd
Mir as lo mol opgefall, dass ech nach naischt zu deser Foto geschriwwen hun obwuel ech se als meng Lieblingsfoto geholl hun.... Ech mengen seou vill muss dozeou och net méi gesoot gin well et seet jo ansech och alles dass et meng Lieblingsfoto as :0)))